|
|
|
|
|
Seite 2/2 |
|
Stäerzelen |
|
Fir 2 Persounen: 1 L Waasser / eng Poutz Salz 300 - 400 gr. Wëllkischmiel 1/2 L Mëllich oder Ram 50 - 60 gr. Speck |
|
Soubal d'Waasser kacht, schëtt en d'Miel mateneen dran an t'réiert e bis ët eng glat a steif Knätzel as. Mat engem fettige Läffel gin d'Stäerzelen doraus gestach an op e Plättel geluegt. |
|
Wëllkischpaangich |
|
Fir 2 Persounen: 4 Eessläffelen Wëllkischmiel 2 Eer Salz 1/4 L Mëllich |
|
D' Miel gët mat den Eer an dem Salz verréiert an opgeklappt. Mat der Mëllich den Deeg zimmlich dënnflëssig verréieren an an der Paan baken. Wat méi dënn, wat besser! (T'kann en och halëf Weessemiel huelen.) Wëllkischpaangich schmaacht zemols mat lëtzebuerger Hunnig drop, oder mat Pastéiterchersfleesch dragewéckelt! |

|
|
|
|

|
ApisJungels © |